Carole Hartmann retweeted
D’@dp_lu steet fir eng léisungsorientéiert Politik, déi eis Bierger a Betriber haut gezielt ënnerstëtzt an eist Land op d’Défien vu muer virbereet, mam Zil eise Sozialstaat ze erhalen a fir eng besser Zukunft fir d’Bierger an d’Betriber ze suergen.
@CaroleHartmann #edln2024
Carole Hartmann retweeted
D’Preventioun muss verstäerkt an de Mëttelpunkt réckelen, d’Gesondheetsversuergung muss méi no a méi séier verfügbar bei de Leit sinn an eise Gesondheetssystem muss nees méi attraktiv fir d’Dokteren an d’Gesondheetspersonal ginn.
@CaroleHartmann @dp_lu #edln2024
Carole Hartmann retweeted
D’Iddi ass et verschidde medezineschen Behandlungen, déi aktuell nach eise Spideeler virbehale sinn, ausserhalb vun de Spideeler unzebidden a méi dezentrale Strukturen, méi no beim Patient.
(...)
D'DP wëll keng Konkurrenz zu de Spideeler schafen. Mir wëllen den Extrahospitalier stäerken fir d’Spideeler z’entlaaschten.
(...)
Esou ee System, deen den Dokteren méi Optiounen erméiglecht, géif och zur Attraktivitéit vun eisem Gesondheetssystem bäidroen.
@CaroleHartmann #edln2024
Carole Hartmann retweeted
D' @dp_lu wäert sech weiderhin dofir staark maachen, datt eng Joresaarbechtzäit fir méi Salariéen erméiglecht gëtt. Dofir muss de POT op de Leescht geholl ginn, deen aktuell vun der Majoritéit vun den Entreprisen am Land net genotzt gëtt, well seng Uwendung vill ze ëmständlech ass.
Och d’Reegelen vun de Rouzäiten a vun der Sonndesaarbechtzäit sinn ze rigid a stinn de Besoinen an de Wënsch vun de Salariéen am Wee. @CaroleHartmann #edln2024
Carole Hartmann retweeted
⚠️eisen Invest an d’Klimaneutralitéit huet fir eis Prioritéit. Hei kann an dierf net gespuert ginn @CaroleHartmann @dp_lu #edln2024
Carole Hartmann retweeted
D’DP ass keng Verbuetspartei. Mir sinn iwwerzeegt, datt d’Bierger bereet sinn de Wee an d’Klimaneutralitéit matzegoen, wann d’Politik hinnen déi néideg Optiounen gëtt, se finanziell ënnerstëtzt an all onnéideg Paperassen aus dem Wee raumt.
(...) fir d’DP dierf an der Energiepolitik net gespuert ginn. D’Investissementer mussen héichgehale ginn. D’Hëllefen un d’Stéid an un d’Betriber och. @CaroleHartmann @dp_lu #edln2024
Carole Hartmann retweeted
Eist Haaptzil ass et eis Energie- a Klimapolitik esou séier wéi méiglech klimaneutral ze gestalten fir d’Ziler aus dem PNEC z’erreechen a gläichzäiteg eise Wuelstand laangfristeg ofzesécheren. @CaroleHartmann @dp_lu #edln2024
Carole Hartmann retweeted
Mir brauchen also weiderhin eng kompetitiv Wirtschaft.
Kompetitivitéit net als Selbstzweck, mee als Mëttel.
Eng Wirtschaft, déi sécher Aarbeschtsplaazen an de néidege Wuelstand schaaft. Nëmme wa Wuelstand geschaf gëtt, kann och eppes verdeelt ginn. @CaroleHartmann @dp_lu #edln2024
Carole Hartmann retweeted
Entrevue mam Schäfferot vun der Stad Iechternach: Den Inneminister @LeonGloden huet der @VilleEchternach weider finanziell Ënnerstëtzung zougeséchert, fir d’Héichwaasserschied ze behiewen a fir d’Infrastrukturen ze erneieren.🤝🏘️
Carole Hartmann retweeted
Hire Buergermeeschterposten zu Iechternach wollt d'Carole Hartmann net no deem gudde Score opginn. Och wa si d'Méiglechkeet gehat hätt, fir Ministerin ze ginn. D'Vertrauen dat si vun de Bierger krut, wollt DP-Generalsekretärin net op d'Spill setzen.
100komma7.lu/news/Invitee-vu…
Carole Hartmann retweeted
Fir d'DP ass de Virage ambulatoire nach net ambitiéis genuch.
Mir fuerderen:
👉 Eng Evaluatioun vum Gesetz no 2 Joer
👉 De konsequenten Ausbau vum Extrahospitalier
👉 D'Fërderung vum Initiativrecht vun den Dokteren
👉 Eng Analyse zur Installatioun vu Mammographen a Cabineten
Carole Hartmann retweeted
No der Kritik un der Gesondheetsministesch @LenertPaulette huet e Mëttwoch och d'@CaroleHartmann betount, "datt mer an der Santéspolitik awer e gewëssene Retard hunn". rtl.lu/radio/invite-vun-der-…
Carole Hartmann retweeted
„Mir freeën eis iwwer déi héich Unzuel u Lëschten a Kandidate mat där d'DP bei dëse Gemengewalen untrëtt. Et ass ee kloert Zeechen dofir, datt eis Partei breet opgestallt an déif an eise Gemenge verwuerzelt ass.“ - @CaroleHartmann 🙌🏻
Carole Hartmann retweeted
„Independante sinn ee wichtege Pilier vun eiser Wirtschaft. Si dreiwen d’Innovatioun weider a schafen Aarbechtsplazen. Si sinn net nëmmen Deel vum Mëttelstand. De Mëttelstand gëtt aus hiren Initiativen eraus gebuer.“ - @CaroleHartmann an der @ChambreLux
#statutdelindépendant
Carole Hartmann retweeted
« Nous devons assurer que, notamment, les jeunes puissent avoir accès à un #logement abordable. Un ralentissement de la construction a un effet contre-productif que nous devons contrecarrer» -@LexDelles @le_quotidien_lu
Lex Delles : «Ce n’est pas une question électorale, mais d’urgence nationale» #Luxembourg lequotidien.lu/a-la-une/lex-…
Carole Hartmann retweeted
Et wier een nach net aus der Energiekris eraus an an dësen "onsécheren Zäiten" misst een deenen hëllefen, déi et am meeschte brauchen, esou d'DP-Generalsekretärin @CaroleHartmann an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun". rtl.lu/radio/invite-vun-der-…
Carole Hartmann retweeted
D'DP-Generalsekretärin @CaroleHartmann begréisst, dass d’Finanzministesch @Yuriko_Backes weider Steiererliichterungen an Aussiicht gestallt huet. Sou gëtt d'Kafkraaft vun de Leit séier a cibléiert gestäerkt.
Dee ganzen Interview hei am Replay 👇
Invitée vun der Redaktioun ass haut de Moie géint 8.10 Auer d'@CaroleHartmann , Generalsekretärin vun der DP.
Thema sinn déi geplangte Steiererliichterungen.
rtl.lu/radio/invite-vun-der-…












